Op Ouschterméinde gouf en Ugestallte vun engem Restaurant zu Dikrech mat engem Messer attackéiert.

E Méinden Owend um 18h15 gouf en Ugestallte vun engem Restaurant am Dechensgaard zu Dikrech mat engem Messer attackéiert. Beim Ugräifer huet et sech em ë fréieren Hëllefsaarbechter vum Restaurant gehandelt. Dësen hat den Ugestallten aus bis ewell nach net gekläerte Grënn ugegraff. Den Ugestallten hat bei der Attack schwéier Blessuren un der Hand erlidden. Et war him allerdéngs gelongen den Ugräifer aus eegener Kraaft ze iwwerwannen. D'Police war iwwert den Tëschefall informéiert ginn an de Beamte war et gelongen den Ugräifer ze immobiliséieren. Dëse gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Dënschde Moie virun den Untersuchungsriichter. Ausserdeem gouf d'Messer, dat den Ugräifer benotzt hat, op Uerder vum Parquet confisquéiert.