E Mann deen d'Police geruff hat, war selwer ouni Führerschäi mam Auto ënnerwee. Ausserdeem hat hien Alkohol an Droge consomméiert.

Kuerz viru Mëtternuecht e Méinden Owend hat eng Persoun sech bei der Police gemellt. Iwwer Telefon hat d'Persoun uginn, dass zwou onbekannte Persounen, déi si an hirem Auto matgeholl hat, hir Sue geklaut hätten.

D'Beamte vun der Police haten de Mann kuerz no sengem Uruff um Parking vun der Aire de Berchem ugetraff. Dësen huet géigeniwwer de Beamten ausgesot, dass hien Alkohol an Droge consomméiert hätt. Ausserdeem hätt hie kee Führerschäin a säin Auto wier weder ugemellt nach verséchert.

Esouwuel den Alkohol- ewéi och den Drogentest, déi d'Beamten doropshi beim Mann gemaach haten, ware positiv. Ausserdeem huet de Mann de Beamten eng Bull mat Kokain ginn an d'Polizisten hunn eng weider wäiss Substanz am Auto vum Mann fonnt. Den Auto an d'Droge goufen doropshin op Uerder vum Parquet confisquéiert. De Mann koum fir eng medezinesch Ënnersichung an d'Spidol. D'Beamten hunn eng Partie Plainte géint hie gemaach.

Iwwerdeems hunn d'Beamten och dem Mann seng Plainte wéinst Déifstall entgéint geholl an eng deementspriechend Enquête an d'Weeër geleet.