E Chauffer, géint deen nach bis 2031 e Fuerverbuet besteet, war mat Drogen a Waffen am Auto ënnerwee.

Am Kader vun enger Verkéierskontroll zu Colmer-Bierg um 22h50 de Méinden Owend hat d'Police en Automobilist, géint deen nach bis 2031 e Fuerverbuet besteet, ugetraff. Ausserdeem louchen divers Drogenutensilien am Auto vum Mann. Ewéi d'Beamten de Chauffer a säi Bäifuerer doropshin ënnersicht hunn, hunn si eng kleng Quantitéit Kokain an e Schlag-Rank bei hinne fonnt. Ausserdeem hunn d'Beamten eng Loftdrockwaff am Auto fonnt. En Drogeschnelltest, dee beim Chauffer gemaach gouf, hat dann och e positiivt Resultat gewisen. De Mann gouf doropshi fir eng medezinesch Ënnersichung an d'Spidol bruecht.

D'Drogen an d'Waffe goufen op Uerder vum Parquet confisquéiert an et goufen divers Plainte géint de Chauffer vum Auto gemaach.