Kuerz no 08h00 hat eng Persoun probéiert eng Spillkonsol aus engem Buttek ze klauen a géint 11h00 koum et zu engem brutalen Iwwerfall an der Stad.

En Dënschdeg de Moien huet d'Police 2 Déiwen an der Stad festgeholl.

Géint 08h10 hat d'Sécherheetspersonal vun engem Akafszenter an der Rue des Scillas an der Stad en Déif gestallt. Dësen hat probéiert eng Spillkonsol aus dem Akafszenter ze klauen. Am Kader vun den Ermëttlunge vun der Police huet sech erausgestallt, dass de Mann nach an enger Partie weideren Déifställ als Verdächtegen a Fro kënnt. Well de Mann just eng auslännesch Openthaltsgeneemegung hat, gouf eng speziell Unitéit vun der Police iwwert den Tëschefall informéiert. Nodeems e Beamte vun dëser Eenheet mat der zoustänneger Sektioun vum Ausseministère geschwat hat, gouf decidéiert de Mann festzehuelen an hien an hien aus dem Land ze verweisen.

Géint 11h00 war e Passant an der Stad vun engem Onbekannten attackéiert ginn. Dësen huet op de Passant ageschloen an him den Handy aus der Hand gerappt. Duerno huet hien d'Suen aus der Housse vum Handy geholl an den Handy zeréck bei d'Affer geheit. Dësen ass dobäi futti gaangen. Schliisslech ass den Ugräifer an Direktioun Gare geflücht. Mat der Hëllef vun engem weidere Passant huet d'Affer d'Police iwwert den Déifstall informéiert. Opgrond vun den Zeienaussoe vun e puer Persounen, konnten d'Beamten eng verdächteg Persoun an der Rue Bender festhuelen. Bei Dëser hunn d'Beamten dann och déi geklaute Sue fonnt. Dës goufe confisquéiert an et gouf e Protokoll géint den Déif erstallt.