An den USA gëtt d'Impfcampagne nach eemol beschleunegt. Vum 19. Abrëll kann sech all Erwuessenen aus all Bundesstaat géint de Coronavirus impfe loossen.

D’USA wëlle mat den Impfunge géint de Coronavirus nach méi séier viru kommen. Den US-President Biden huet erkläert, dass sech well an zwou Wochen all Erwuessenen aus all Bundesstaat impfe kënne loossen. Konkret vum 19. Abrëll un. Bis ewell kruten an den USA well 42 Prozent vun den Erwuessenen op d’mannst eng Impfdosis. Fir d’éischt waren eeler Leit, d’Gesondheetspersonal wéi och Mënschen aus Risikogruppe geimpft ginn.

De Biden huet ausserdeem ugekënnegt, och aner Länner sollten an e puer Méint vum Impf-Succès vun den USA profitéieren. Hien hofft dass d’USA nach virum Enn vum Summer Impfstoff iwwreg huet, fir anere méi aarme Länner ze hëllefen. Sou laang d’Impfung net iwwerall op der Welt zougänglech wier, wieren d’USA net komplett sécher, esou de Biden.