Freet d'Eldoland sech, dass d'Terrassen nees op sinn?

Vun e Mëttwoch un dierfen d’Caféen an d’Restauranten hir Terrassen ënner Konditiounen nees opmaachen. Et dierfe maximal zwee Leit op engem Dësch sëtzen, ausser et ass een aus engem Stot, dann dierf een zu méi um Dësch sëtzen. Tëscht den Dëscher muss ee Mindestofstand vun annerhallwe Meter sinn oder ee Plexiglas. Et dierf ee just vu 06h00-18h00 ophunn. Personal a Cliente mussen eng Mask unhunn, wann se net um Dësch sëtzen.

Mir waren mam Mikro an der Stad an hunn nogefrot wéi d'Stëmmung ass, respektiv hu gekuckt wéi gutt d'Terrasse besicht sinn. 

Lauschtert eran

Trotz kengem sou gudde Wieder huet et d'Leit op d'Terrasse gezunn. 

Kuckt hei d'Fotoen: