Zu Réimech ass et en Dënschdeg zu engem schwéiere Verkéiersaccident komm. Eng Foussgängerin gouf vun engem Liwwerwon ugestouss.

Zu Réimech gouf et en Dënschdeg géint 15h30 ee schwéiert Verkéiersaccident an der Rue Saint-Nicolas.

Eng Foussgängerin gouf vun engem Liwwerwonn erfaasst a liewensgeféierlech blesséiert.

D'Affer gouf no enger éischter medezinescher Versuergung an d'Spidol bruecht.

De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police war op der Plaz, fir déi genee Ëmstänn vum Accident ze klären.