Enger Regierungsspriecherin no sollen d'Bundesregierung an d'Bundeslänner schonn iwwert en entspriechende Virschlag diskutéieren.

An Däitschland gëtt e kuerzen, landeswäiten, haarde Lockdown ëmmer méi warscheinlech. Wéi eng Spriecherin vun der däitscher Bundesregierung e Mëttwoch matgedeelt huet, géif déi däitsch Regierung hannert engem entspriechende Virschlag vum Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen, Armin Laschet, stoen. Aktuell géifen d'Bundesregierung an d'Bundeslänner schonn iwwert dëse Virschlag diskutéieren. Als Grond fir den haarde Lockdown huet d'Spriecherin déi staark Hausse vun der Zuel vun de Corona-Patienten op den däitschen Intensivstatioune genannt.

Der däitscher Vereenegung vun den Intensiv-Medizinner no, louchen e Mëttwoch 4439 Corona-Patienten op den däitschen Intensivstatiounen. 56 Prozent vun hinne géifen den Ament invasiv beotemt ginn.