De Notze vum Vaccin wier nach ëmmer méi grouss ewéi de Risiko, dee vu sengem Asaz ausgoe géif.

Dat obwuel et e méiglechen Zesummenhang tëscht dem Impfstoff an dem vereenzelten Optriede vun Thrombose kéint ginn. Wéi d'EMA e Mëttwoch matgedeelt huet, wier den Notze vum Vaccin nach ëmmer méi grouss wéi de Risiko, dee vu sengem Asaz ausgoe géif. Thrombose sollen awer als ganz seelen Niewewierkung vum Vaccin opgelëscht ginn.