D’EU-Gesondheetsminister fuerderen, dass d’Wierkung vum AstraZeneca-Impfstoff weider ënnersicht gëtt. D'EMA stellt sech weiderhin hannert de Vaccin.

D’EU-Gesondheetsminister fuerderen, dass d’Wierkung vum AstraZeneca-Impfstoff weider ënnersicht gëtt. Dat hu si e Mëttwoch den Owend no enger gemeinsamer Video-Konferenz matgedeelt.

D’Memberstaate konnten sech iwwerdeems net op ee gemeinsamen Ëmgang mam Impfstoff eenegen. Domat gëllen an de Memberstate weiderhin ënnerschiddlech Virgaben. Lëtzebuerg impft weider mat AstraZeneca onofhängeg vun Alter a Geschlecht. Däitschland huet dann decidéiert, dass de Vaccin weiderhin nëmme bei Mënschen iwwer 60 Joer agesat gëtt, dat selwecht gëllt och a Spuenien, an an der Belsch ass dat bei Leit iwwer 55 Joer.

Déi europäesch Medikamenten-Agence EMA hat sech e Mëttwoch virun där Konferenz weider hannert den Impfstoff vun AstraZeneca gestallt. Et géif zwar ee méiglechen Zesummenhang tëscht dem Wierkstoff a seelen Thrombos-Fäll ginn, den Notze wier awer méi grouss wéi de Risk, esou d’EMA.