Den Educatiounsministère huet de Bilan vun der Situatioun vum Coronavirus an de Lëtzebuerger Schoulen a Lycéeë gemaach.

Tëscht dem 29. Mäerz an dem 04. Abrëll goufen et am Ganze 415 Fäll vum Coronavirus an de Lëtzebuerger Schoulen a Lycéeën. Dat huet den Educatiounsministère en Donneschdeg an engem Communiqué matgedeelt.

An 344 Fäll huet et sech dobäi ëm en Zenario 1 gehandelt. Hei konnt mat Sécherheet festgestallt ginn, dass déi Betraffen sech baussent der Schoul ugestach haten an, dass et och net zu enger Iwwerdroung vum Virus ënnerhalb vum Schoulgebai komm war.

46 Fäll hunn engem Zenario 2 entsprach. Hei goufe maximal 2 Persounen an der nämmlechter Klass positiv getest, woubäi net eendeiteg konnt nogewise gi wou si sech infizéiert haten.

A 25 Fäll huet et sech em en Zenario 3 gehandelt. Hei goufen tëscht 3 a 5 Persounen an der nämmlechter Klass positiv op de Covid-19 getest.

Iwwerdeems war et bannent der leschter Woch a kengem Schoulgebai zu engem Zenario 4 komm. Deemno gouf et kee Fall an deem nogewise gouf, dass eng Persoun sech an enger Schoul oder an engem Lycée mam Covid-19 infizéiert hat.

Liest hei de Communiqué mat allen Detailer: 

COVID-19: Évolution de la situation dans les écoles luxembourgeoises entre le 29 mars et le 4 avril 2021 (08.04.2021)

Communiqué par: ministère de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Le bilan chiffré des élèves et enseignants testés positifs à la COVID-19 se rapporte à l’ensemble des établissements scolaires de l’enseignement fondamental / primaire et secondaire public et privé et des Centres de compétences en psychopédagogie spécialisée situés sur le territoire du Luxembourg.

Dans la semaine du 29 mars au 4 avril 2021:

  • 344 cas positifs correspondant à un scénario 1 ont été dénombrés dans 83 écoles fondamentales, 45 lycées et trois Centre de compétences (scénario 1: élève ou enseignant infecté à l’extérieur de l’école sans qu’il n’y ait eu une propagation du virus à l’école).
  • 46 cas correspondant à un scénario 2ont été constatés dans 11 écoles fondamentales, 15 lycées et un Centre de compétences (scénario 2: maximum deux cas positifs dans une classe avec une source d’infection incertaine ou vraisemblablement extérieure à la classe).
  • 25 cas correspondant à un scénario 3ont été identifiés dans trois écoles fondamentales et huit lycées (scénario 3: trois à cinq cas positifs dans une classe).
  • Aucun scénario 4n’est apparu au cours de la semaine 13 (scénario 4: chaîne d’infection au sein d’une école: plusieurs classes concernées ou une classe avec plus de cinq cas).

Le détail de la situation entre le 29 mars et le 4 avril 2021 est repris dans le communiqué ci-après.