D'Police konnt no der Dot zwee Verdächteger ermëttelen. Allerdéngs konnt déi geklaute Ketten net méi bei Dëse fonnt ginn.

Géint 22h10 e Mëttwoch Owend krut eng Persoun, déi um Tramsarrêt an der Avenue John F. Kennedy an der Stad stoung, hir Halskette geklaut. Zwee jonk Männer haten hir d'Kette vum Hals gerappt. Kuerz dorop huet d'Police zwee Männer op déi d'Beschreiwung vun de presuméierten Täter zougetraff huet am Tram ermëttelt. Allerdéngs konnten d'Beamten déi geklaute Ketten net méi bei hinne fannen. Géint béid Männer gouf eng Plainte gemaach.