De Statec huet d'Detailer zu der Entwécklung vun de Logementspräisser publizéiert.

D'Logementspräisser zu Lëtzebuerg si bannent engem Joer an der Moyenne ëm 16,7 Prozent geklommen. Dat geet aus enger Publikatioun vum Statec ervir. Bei den Appartementer war et eng Hausse vu 14,4 Prozent bei den Neibauten a vu 15,8 Prozent bei den Appartementer déi scho gebaut sinn. D'Präisser vun den Haiser sinn esouguer ëm 19,7 Prozent geklommen.

An der Moyenne louch de Präis vun engem Metercarré vun engem fäerdegen Appartement zejoert bei 7.017 €. Bei den Appartementer déi nach an der Konstruktioun waren, louch dëse Präis esouguer bei 8.014 €. Fir en Haus huet een der Moyenne 897.533 € bezuele missen.