En Freideg mellt d'Santé 194 Neiinfektioune bei 7.510 Tester. Et ass keng weider Persoun um Virus gestuerwen.

194 Neiinfektioune bei 7.510 Tester. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé en Freideg matgedeelt huet.

Et ass keng weider Persoun um Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer bleift domadder bei 790.

Aktuell leien 115 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol, dovunner 33 op der Intensivstatioun.

En Donneschdeg waren et 209 Neiinfektioune bei 9.472 Tester.

Am Ganze krute bis ewell 173.153 Persounen zu Lëtzebuerg déi éischt oder zweet Dosis vum Vaccin géint de Coronavirus.