E Méindeg hunn an England d'Pubs nees opgemaach. Vill Pubs si well fir Wochen ausgebucht.

An England hunn d’Pubs dës Woch hir Terrassen nees dierfen opmaachen, an do goufen et direkt nom éischten Dag Rekord-Recetten. Dem Branchenanalyst CGA no wier de Verkaf vu Béier, Wäin a Schampes an de Pubs ëm 113 Prozent méi héich gewiescht, wéi de selwechten Dag am Joer 2019, an dat obwuel nëmmen d’Bausse-Gastronomie op ass, an a villen Deeler an England wanterlech Temperature sinn. Vill Pubs si well fir Wochen ausgebucht.