Fir den Nees-Opbau vun der ofgebrannter Kathedrale goufen iwwer 800 Milliounen Euro gespent.

D’Paräisser Kathedrale „Notre-Dame“ soll 2024 nees opmaachen. Dat huet déi franséisch Kulturministesch e Mëttwoch annoncéiert. Fir den Nees-Opbau vun der ofgebrannter Kathedrale goufen iwwer 800 Milliounen Euro gespent. D’Sécherheetsaarbechte sinn nach amgaangen. Eréischt duerno ka mam Nees-Opbau ugefaange ginn. D’Kathedral soll original-getrei nees opgebaut ginn. De 15. Abrëll 2019 war d’Notre-Dame a Flamen opgaangen.