No engem Abroch an de Sëtz vun der Gemeng Préizerdaul sicht d'Police elo no Zeien.

An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch gouf an de Sëtz vun der Gemeng Préizerdaul, an der Rue de la Marie zu Biebereg, agebrach. Wien an dësem Zesummenhang iergendwellech verdächteg Persounen oder Gefierer beobacht huet, ass gebieden sech beim Policekommissariat Atert ze mellen. Dëst ënnert der Telefonsnummer 244-921000, oder der Mailadress police.atert@police.etat.lu.