Dem Chef vu Pfizer no wier viraussiichtlech eng drëtt Immuniséierung bannent 12 Méint noutwenneg.

Corona-Impfunge mam Biontech/Pfizer-Impfstoff musse wuel reegelméisseg opgefrëscht ginn. Dem Chef vu Pfizer no wier viraussiichtlech eng drëtt Immuniséierung bannent 6 bis 12 Méint noutwenneg. Dat sot hien am Interview mat "CVS Health". Him no kéint do dernieft all Joers eng weider Impfung dobäi kommen. Hie geet dovunner aus, dass trotz der aktuell verschäerfter Corona-Pandemie am spéiden Hierscht nees een normaalt Liewe méiglech wäert sinn.