D'Foto vum dänesche Fotograf Mads Nissen representéiert der Jury no wéi keng aner d'Auswierkunge vun der Pandemie.

D’Foto "déi éischt Emaarmung" ass d’Welt-Presse-Foto vum Joer. Se weist eng Bewunnerin an engem Altersheem a Brasilien, déi vun enger Fleegerin an den Aarm geholl gëtt. Fir déi 85 Joer al Fra ass et déi éischt Ëmaarmung no 5 Méint strenger Corona-Distanz. Den enke Kontakt ass méiglech, wäel tëscht den zwou Fraen ee Plastiks-Virhang ass, deen a senger Form u Flilleke vun engem Engel erënnert.

Den dänesche Fotograf Mads Nissen ass en Donneschdeg zu Amsterdam online mam Präis "World Press Photo" ausgezeechent ginn.