De Couvre-feu wäert weiderhin a Kraaft bleiwen an et wäert ee weiderhi maximal 2 Persoune bei sech doheem empfänken dierfen.

Stabilitéit bei den Infektiounen

Et gesäit een an de leschte Wochen eng gewësse Stabilitéit bei den Neiinfektiounen. Dat selwecht gëllt op den Intensivstatioune vun de Spideeler. Och hei ass d’Zuel vun de Patiente stabel a gerabel. Allerdéngs hunn och ëmmer méi jonk Leit ënner 50 Joer e schwéiere Verlaf vun der Krankheet.

Dofir huet d'Regierung decidéiert, dass di aktuell Restriktioune géint de Coronavirus bis de 15. Mee inclus verlängert ginn. Dat huet de Premierminister Xavier Bettel, de Freide Mëtten am Kader vun engem Pressebriefing nom Regierungsrot, matgedeelt. D'Ausgangsspär wäert deemno weiderhin tëscht 23h00 a 06h00 a Kraaft bleiwen an et wäert ee weiderhi maximal 2 Persoune bei sech doheem empfänken dieren. Am Sport an an der Kultur sollen et awer éischt Oplockerunge ginn.

Manner Restriktiounen an der Kultur an am Sport

Am Sport gëtt d‘Beschränkung vun den 10 Leit opgehuewen, déi zesumme Sport kënne maachen. Dat gëllt fir d'Sportveräiner, d‘Federatiounen, d‘Fitnesszentren an d’Danzschoulen. Konditioun ass, dass eng Distanz vun 2 Meter tëscht de Leit ka bäibehale ginn.

Am Schoulsport kënne ganz Klassen nees zesumme schwamme goen.

Am Beräich vun der Kultur dierfen an Zukunft nees 10 Leit zesumme Musek maachen, sief dat Sangen oder Instrumenter spillen- ënner Konditioun dass 2 Meter Distanz garantéiert kënne ginn. Op d'mannst 4 Leit mussen dobäi e Mask unhunn. Ausserdeem mussen alleguerten d'Leit sëtzen.

Am neie Covid-Gesetz gëtt och d‘Definitioun vun den Terrasse preziséiert.

Méiglech Oplockerungen nom 15. Mee

Nom 15. Mee wëllt d’Regierung, wann d’Zuele stabel bleiwen, de Couvre-feu ophiewen an et och erlaben, méi Leit doheem z’empfänken.

Bilan vun der Impfcampagne

Bis de 15. Abrëll sinn 184.890 Vaccins-Dosissen ukomm, d.h. Impfstoff fir 92.000 Leit.

Vu Moderna komme bis Enn Abrëll 4.800 nei Dosissen un, vun AstraZeneca 23.600 Dosissen.  Biontech/Pfizer liwwert bis Enn Juni 307.100 Dosen.

Bis dësen Donneschdeg konnten zu Lëtzebuerg 153.000 Impfunge gemaach ginn.

83% vun de Vaccine goufe verimpft. Den Taux de Participatioun läit bei 72%.

Fräiwëlleg Impfung mat AstraZeneca fir Leit tëscht 30 a 54

No den Diskussioune ronderëm den Thrombose-Risiko bei AstraZeneca, huet d’Regierung decidéiert, deen Impfstoff weider ze benotze fir di 2. Impfung, well d’Komplikatiounen héchstens bei der 1. Impfung optrieden. Parallel gouf decidéiert, dass sech Leit tëscht 30 a 54 fräiwëlleg op eng Lëscht androe kënnen, fir sech mat AstraZeneca impfen ze loossen. Des Lëscht wäert di nächst Woch online goen. Den Impfstoff wier effikass an et géing drëm goen, sou séier wéi méiglech eng Herdenimmunitéit ze kréien. De Premier huet iwwregens an deem Kader och betount, dass hie sech selwer op des Lëscht androe wäeert, fir sech mat AstraZeneca impfen ze loossen.

Da war et op der Pressekonferenz nach d’Nouvelle, dass d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert dëse Méindeg nees zeréck wäert op hirem Poste sinn.

Hei kënnt dir de Pressebriefing nach eng Kéier an der kompletter Längt kucken: