Vun e Méindeg un kommen an all de Schoulen a Maison Relaise Covid-Schnelltester an den Asaz. Dat fir méi Sécherheet a méi Präsenz-Unterrecht.

Vun e Méindeg un soll all Schüler, Enseignant an Educateur an de Schoulen an och an de Maison Relaisen, d’Méiglechkeet kréien, sech op d’mannst ee mol d’Woch selwer op de Coronavirus ze testen. Dofir sinn eng 120.000 Corona-Schnelltester d‘Woch virgesinn.

Den Educatiounsminister erhofft sech doduerch méi Sécherheet, méi Präsenz-Unterrecht an nees méi sozial Kontakter fir d’Schüler - virausgesat d’Infektiounszuele klammen net.

Hei kënnt dir iech d'Pressekonferenz vum Educatiounsminister Claude Meisch nach eemol ukucken: