Aktuell empfannen nëmmen nach d'Hallschent vun de Befroten d'Berichterstattung fir ubruecht.

D'Zuel vun de Leit an Däitschland, déi di medial Berichterstattung iwwer de Coronavirus fir iwwerdriwwen halen, gëtt ëmmer méi grouss. Enger Ëmfro vum "däitschen Institut fir Risikobewäertung" no, hale mëttlerweil 44 Prozent vun de Leit an Däitschland, d'Berichterstattung iwwer de Virus fir iwwerdriwwen. Enn Mäerz waren nëmme 35 Prozent vun de Befroten dëser Meenung.

Aktuell empfannen nëmmen nach d'Hallschent vun de Befroten d'Berichterstattung fir ubruecht. 8 Prozent sinn der Meenung, dass déi medial Berichterstattung de Virus verharmlose géif.