Déi europäesch Fussballfederatioun "UEFA" huet de Veräiner scho mat Konsequenze gedreet. Si riskéieren aus hiren nationale Ligaen ausgeschloss ze ginn.

12 Top-Clibb aus 3 europäesche Foussballligae wëllen sech zesummendoe fir eng europäesch Superliga ze grënnen. Wat scho länger am Gespréich war huet sech an der Nuecht vun e Sonnden op e Méinden eng éischte Kéier konkretiséiert. An engem Communiqué hunn 12 Clibb aus der englescher Premier League, der spuenescher La Liga an der italienescher Serie A ugekënnegt, dass si eng nei europäesch Fussball-Liga grënne wëllen.

Wien mécht bei der Superliga mat?

Aus der englescher Premier League, wëlle 6 Klibb bei der neier Liga matmaachen. Dat sinn déi zwee Manchester Klibb "Manchester United" a "Manchester City", d'Londoner Veräiner "FC Arsenal", "FC Chelsea" an "Tottenham Hotspur", grad ewéi den aktuellen englesche Champion den "FC Liverpool".

Aus Italien sinn déi zwee Mailänner Klibb "AC Milan" an "Inter Mailand", grad ewéi och "Juventus Turin" dobäi. Vun de spuenesche Clibb sinn et den "FC Barcelona" an déi Madrider Clibb "Real Madrid" an "Atletico Madrid".

Am Ganze sollen 20 Clibb bei der neier Liga matmaachen. D'Liga soll 15 fest Memberen hunn a fir all Saison sollen sech 5 nei Veräiner fir d'Liga qualifizéieren.

Wéi am Communiqué vun der neier Liga ze liesen ass, geet een den Ament dovunner aus, dass sech nach 3 Clibb der neier Liga uschléisse wäerten. Bis ewell ass allerdéngs nach net gewosst wéi Eng dat sinn. Laang Zäit hunn déi däitsch Veräiner "FC Bayern München" a "Borussia Dortmund", grad ewéi och "Paris Saint Germain" aus Frankräich als potentiell Membere vun der neier Liga gegollt. Dës wäerte leschten Informatiounen no allerdéngs keen Deel vun der neier Liga ginn.

Wéi soll gespillt ginn?

Wann déi 20 Clibb bis feststi sollen si an zwou Gruppe vun 10 géintenee spillen. Duerno wäerten déi 4 bescht Veräiner aus béide Gruppen an eng KO-Phas kommen. Hei sollen dann d'Véierels- an d'Halleffinall. Grad ewéi och d'Final gespillt ginn. Bei de Véierels- an Halleffinalle wäert et, grad ewéi an der Champions League, en Hin- an e Réckmatch ginn.

D'Matcher sollen Owes an der Mëtt vun der Woch, gespillt ginn. Dat soll de Veräiner et erlabe weekends an hirer jeeweileger nationaler Liga untrieden ze kënnen. Allerdéngs géif déi nei Liga domadder. an direkter Konkurrenz zu der UEFA Champions League stoen.

D'UEFA an d'FIFA dreeë mat Konsequenzen

D'UEFA an d'FIFA sinn deementspriechend wéineg begeeschtert vun der neier europäescher Superliga. An enger éischter Reaktioun huet déi europäesch Fussballfederatioun matgedeelt, dass all Veräin, dee bei der neier Liga matmécht aus senger jeeweileger nationaler Liga ausgeschloss géif ginn. Déi selwecht Reaktioun koum och vun de jeeweilegen nationale Foussballligaen. Ausserdeem kéinten d'Spiller vun dëse Veräiner vun hire jeeweilegen Nationalekippen ausgeschloss ginn.

3,5 Milliarden € fir d'Veräiner

Firwat wëllen d'Veräiner dann eigentlech bei der neier Liga matmaachen? Vun de Clibb selwer heescht et heizou, dass esou eng Kompetitioun, bei där déi bescht Veräiner aus Europa, géinteneen untrieden, d'Qualitéit vum Fussball verbessere géing. Ausserdeem hätt d'Pandemie vum Coronavirus gewisen, dass et eng nei, wirtschaftlech nohalteg, Organisatioun vum europäesche Fussball bréicht.

Iwwerdeems hunn déi 12 Veräiner matgedeelt, dass si en Deel vun de Suen, déi si all Joers an der neier Liga verdénge géifen un déi aner Veräiner aus hirer jeeweileger nationale Liga géife weiderginn. Esou géif, hiren Aussoen no, all Veräi vun der europäescher Superliga profitéieren.

Éischten Informatiounen no, sollen d'Grënnungsmembere vun der neier Liga 3,5 Milliarden € kréien.

En Nol am Sarg vum europäesche Fussball?

Schaarf Kritik um Projet gouf et iwwerdeems vun der europäescher Fan-Organisatioun "Football Supporters Europe". Dës huet déi geplangte Kompetitioun als "leschten Nol am Sarg vum europäesche Fussball bezeechent". D'Pläng fir esou eng Liga ze grënne wiere vu Grond op illegitim a wieren ausschliisslech finanziell motivéiert.