Mat dëser Mesure soll engersäits den Trafic berouegt ginn an anerersäits sollen d'Terrassen dovunner profitéieren, dass méi Leit zu Fouss ënnerwee sinn.

An der Stad goufen d'Rue Beaumont an en Deel vun der Rue des Capucins zäitweis zu enger Foussgängerzon ëmfunktionéiert.

Dat deelt d'Stad Lëtzebuerg e Méindeg an engem Communiqué mat. Wéi et an dësem heescht, wéilt ee mat dëser Mesure engersäits de motoriséierten Trafic am Stadzentrum berouegen. Anerersäits sollen d'Terrasse vun de Caféen a Restauranten dovunner profitéieren, dass méi Leit zu Fouss ënnerwee sinn. Iwwerdeems fiert de City-Bus vun der Stad Lëtzebuerg wéinst dëser Upassung elo nëmmen nach bis op den Arrêt bei der Badeanstalt an net méi bis bei den Arrêt an der Rue Beaumont.