E Méindeg gouf en eelere Mann zu Diddeleng Affer vun engem Trick-Déifstall.

Kuerz viru 14h00 de Méinde Mëtten haten haten 2 jonk Männer en eelere Mann virun der Krankekeess zu Diddeleng ofgelenkt an him de Portmonni geklaut. Ewéi de Mann den Déifstall bemierkt an déi 2 dorop ugeschwat huet, hunn dës d'Suen aus dem Portmonni geholl a sinn an ënnerschiddlech Richtunge fortgelaf. Ee vun hinne war an Direktioun Zentrum an deen Aneren an Direktioun vun der Rue de Volmerange gelaf.

Béid Täter u franséisch geschwat. Ee vun hinnen hat eng wäiss an deen Aneren eng schwaarz Jackett un. Wien an dësem Zesummenhang eppes gesinn huet ass gebieden sech bei der Police vun Diddeleng ze mellen. Dëst ënnert der Telefonsnummer  244-691000 oder iwwer d'Mailadress police.dudelange@police.etat.lu.