© Eldoradio
D'Police mellt, dass et um Freideg Owend zu direkt 2 Autosaccidenter komm ass. Hei sinn am Ganzen 3 Leit blesséiert ginn.
Den éischten Accident ass um kuerz no 8 Auer tëscht Suessem a Lampech geschitt. De Chauffer huet hei bei engem Iwwerhuelmanöver d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer an ass dunn frontal an een Auto aus dem Géigeverkéier gerannt.
D'Chaufferen aus béiden Autoen, déi jeeweils eleng an hirem Auto souzen, si blesséiert ginn.
Ee vun hinne schwéier. Si hu misse weider am Spidol behandelt ginn. Am Spidol sinn si weider behandelt ginn. D'Strooss misst wärend dem Rettungsasaz ganz fir de Verkéier gespaart ginn.
A kuerz no hallwer 8 sinn zwee Autoen zu Luerenzweiler anenee gerannt, nodeems ee vun de Chaufferen den aneren Auto beim ofbéien iwwersinn hat. Eng Persoun ass hei liicht blesséiert ginn an huet am Spidol misse behandelt ginn.