Bei enger Policekontroll op der A6 ass de Beamten um Freideg en Auto opgefall, deen vill ze lues ënnerwee war an eng Matrass dobäi hat.

De Chauffer war mat nëmme 60 Stonnekilometer op der Autobunn Richtung Stad ënnerwee.
Nodeems opgefall ass, dass d'Matrass net genuch geséchert war an de Chauffer opgrond vu senger Fuerweis scho Stau hannert sech ausgeléist hat, huet d'Police den Auto dunn vun der Autobunn erof eskortéiert. 
De Chauffer krut e Protokoll vun 250 Euro an him ass d'Weiderfuere verbuede ginn.