Um Freideg Owend haten sech am Park "Kinnekswiss" an der Stad ronn 150 Leit getraff. Iwwerdeems ass mat Freedefeier op der Wiss geschoss ginn.

Wéi d'Police op der Wiss agetraff ass, huet sech eng Wull vu ronn 150 Leit ugefaangen opzeléisen. Zu dësem Zäitpunkt ass och kee Freedefeier méi geschoss ginn.