E Freideg mellt d'Santé 155 Neiinfektioune bei 8.718 Tester. Et sinn 2 weider Persounen um Coronavirus gestuerwen.

155 Neiinfektioune bei 8.718 Tester. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Freideg matgedeelt huet.

Iwwerdeems sinn 2 weider Persounen um Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt domadder op 796.

Aktuell leie 87 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol, dovunner 34 op der Intensivstatioun.

En Donneschdeg waren et 211 Neiinfektioune bei 9.418 Tester.

Am Ganze krute bis ewell 191.419 Persounen zu Lëtzebuerg déi éischt oder zweet Dosis vum Vaccin géint de Coronavirus.