Am Kader vun enger Verkéierskontroll hat d'Police en Donneschdeg de Moien e Mann festgeholl.

Kuerz virun 08h00 en Donneschdeg de Moien hat d'Police eng Verkéierskontroll zu Baschelt gemaach. Dobäi haten d'Beamten e Mann, deen ouni Führerschäin ënnerwee war, ugehalen. Am Kader vun der Kontroll, hunn d'Beamten ausserdeem erausfonnt, dass de Contrôle Technique vum Auto net méi gülteg an d'Steiervignette zënter engem Joer ofgelaf war. Ausserdeem hat sech erausgestallt, dass de Mann bannent de leschten 2 Woche schonn 3 mol ouni valabele Führerschäin ënnerwee war. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter. Dësen hat entscheet, dass de Mann an Untersuchungshaft kënnt an, dass säin Auto confisquéiert gëtt.