D'nächst Woch wëllt de Premier Xavier Bettel weider Ouverturen am private Beräich ukënnegen-ënner Konditioun dass d'Situatioun stabil bleift.

D’Situatioun ass stabil

Déi sanitär Situatioun zu Lëtzebuerg wier den Ament stabil. Dat sot de Premierminister Xavier Bettel de Freiden am Kader vum Pressebriefing nom Regierungsrot. Wärend deene leschte Woche géif den Taux vun de positive Corona-Tester stabil bei ëm 2 Prozent leien.

Deemnächst nei Ouverturen am private Beräich méiglech

Wann d’Situatioun esou stabil bleift, kéinten nom 15. Mee am private Beräich weider Ouverturë kommen. D’nächst Woch wëllt de Premier dozou Detailer ginn.

De Vaccin vun Johnson&Johnson wäert iwwerdeems fir Mënschen iwwer 30 Joer ouni Limitatioun agesat ginn.  Dat nodeems de Conseil supérieur des maladies infectieuses dat recommandéiert hat.

Impflëscht fir Fräiwëlleger

Vun elo u kann een sech op guichet.lu op d'Waardelëscht aschreiwen, fir eng vun den Impfdosissen ze kréien, déi an den Impfzenteren owes iwwreg bliwwen ass. Bierger iwwer 18 Joer kënnen sech hei androen. Si kréien dann tëscht 18h30 an 19h00 e Rendezvous. dëst ënnert der Konditioun, dass nach eng Impfdosis iwwreg ass. D’Leit mussen awer d’Méiglechkeet hunn, bannent 20 Minutten am Impfzentrum ze sinn, nodeems si ugeruff kruten. 4.100 Leit hunn sech bis ewell opder Waardelëscht ageschriwwen. D’Lëscht geet dem Alter no a a bleift bis den 8. Mee op.

De Xavier Bettel gëtt en Donneschdeg geimpft

Op der Waardelëscht fir AstraZeneca stinn de Moment 30.000 Leit. 14.400 vun hinnen hu schonn e Rendezvous geholl fir geimpft ze ginn. De Xavier Bettel selwer gëtt en Donneschdeg mat AstraZeneca geimpft. Och hien hat sech op dës Waardelëscht agedroen.

Impfungen hunn en Effekt

D’Impfunge géifen dann och en Effekt weisen. Fréier waren di meescht hospitaliséiert Covid-Patienten iwwer 65 Joer al. Elo ass dat net méi esou, sou de Xavier Bettel.

Situatioun an Indien

Di lëtzebuergesch Populatioun misst iwwerdeems virun der indescher Mutatioun geschützt ginn, sou de Xavier Bettel. Dofir gëllen nei Areesrestriktioune fir Leit aus Indien. Scho virum Depart muss een en negativen Test virleeën. Bei der Arrivée um Findel muss ee 7 Deeg a Quarantän.  Anerersäits wäert Lëtzebuerg Indien an der aktueller Situatioun ënnerstëtzen. Esou sollen 58 Beotmungsgeräter an d'Land geschéckt ginn.

D'Regierung huet 14,5 Millioune Schnelltester bestallt

D'Regierung setzt weider op den Asaz vu Schnelltester. Dat huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert betount. Eng Commande vu 14,5 Milliounen där Tester géif lafen. Nieft de Schoulen, an de Betriber, wou d'Schnelltester wäerten verdeelt ginn, ass virgesinn, datt Leit, déi zum Beispill am Chômage sinn, de Revis kréien oder an der Pensioun sinn e Bong kréien. Mat dësem kënnen si se sech eng Këscht Tester an d’Apdikt kënne siche goen.

Hei kënnt dir de Pressebriefing nach eng Kéier Ganz kucken: