Wéi all Joer kënnt et och 2021 um 1. Mee erëm zu Demonstratiounen iwwerall an Däitschland, ma haaptsächlech zu Berlin.

Am Ganze sinn hei 20 verschidden Demonstratiounen hei ugemellt, dat zu ganz verschiddenen Themen.

Ënner anerem ginn zum Beispill Clubbesëtzer, DJen, a Museker op d'Strooss, fir d'Relance vun der Club- a Kulturzeen ze demonstréieren.

D'Police hat an dësem Zesummenhang schonn um Freideg gemellt, dass soubal et zu Verstéiss géint d'Corona-Mesuren komme géif, d'Versammlung direkt opgeléist géif ginn.

Et sollen haut ronn 5'000 Polizisten an dësem Bezuch ënnerwee sinn.