Well wärend enger Autoskontroll de Verdacht op Drogekonsum opkoum, huet d'Police de Chauffer a seng Matfuerer op Droge kontrolléiert.

Wéi d'Police matdeelt ass kuerz viru 04:00 Auer an der Nuecht vun de Freiden op de Samschden enger Policepatrull een Auto opgefall. Dëse war um Boulevard d'Avranches an der Stad ënnerwee ass awer de falsche Wee an eng Einban eragefuer.

Doropshi gouf den Auto kontrolléiert an dobäi huet sech ee Verdacht op Drogekonsum erausgestallt. Dofir hunn de Chauffer an déi zwee Matfuerer enger Sécherheetskontroll misse maachen. De Chauffer hat zougi Kokain konsuméiert ze hunn an eng Rei Drogenutensiele goufe fonnt. Och bei deenen anere Persounen aus dem Auto konnten eng kleng Unzuel u Kokain sou wéi Drogenutensiele fonnt ginn.

De Chauffer gouf kuerz drop fir eng Bluttprouf an d'Klinik bruecht an ee Protokoll gouf erstallt.