E Freideg mellt d'Santé 132 Neiinfektioune bei 8.809 Tester. Et ass keng weider Persoun um oder mam Coronavirus gestuerwen.

132 Neiinfektioune bei 8.809 Tester. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Freideg matgedeelt huet.

Iwwerdeems ass keng weider Persoun um oder mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer bleift domadder bei 801.

Aktuell leie 86 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol, dovunner 32 op der Intensivstatioun.

En Donneschdeg waren et 162 Neiinfektioune bei 8.667 Tester.

Am Ganze krute bis ewell 227.251 Persounen zu Lëtzebuerg déi éischt oder zweet Dosis vum Vaccin géint de Coronavirus.