Wéi de CGDIS matdeelt hunn jeeweils zwee Autoen um Samschdegmëtte gebrannt.

Um Samschdegmëtten hunn jeeweils zwee Auto gebrannt, sou de CGDIS. En Kéier huet een Auto op der A1 bei Mënsbech Richtung Fluessweiler géint 14:08 Auer gebrannt. Hei waren op der Plaz d'Pompjeeë vun Nidderaanwen-Schëtter an d'Pompjeeën aus der Stad Lëtzebuerg.

An eng zweete Kéier huet een Auto zu Esch an der Rue de Luxembourg géint 15:06 gebrannt. Hei waren op der Plaz d'Pompjeeë vun Esch.

A béid Fäll ass keng Persoun blesséiert ginn a wéi et zum jeeweilege Brand koum ass nach net gewosst.