Wéi de CGDIS mellt, koum et e Samschdeg den Owend zu enger ganzer Partie Feieren. An engem Fall gouf eng Persoun blesséiert.

An engem Schreiwes vum CGDIS sinn am Ganze 5 Bränn opgezielt, alleguer vun e Samschdeg Owend.

Am Rollengergronn an der Stad koum et deemno géint 17.30 Auer zu engem Feier an engem Gaart. Och zu Esch-Uelzecht huet et an engem Gaart gebrannt, dat kuerz no 22 Auer.

An der Avenue Monterex an der Stad huet eng Poubelle gebrannt, zu Péiteng op der Maartplaz e Blummebeet, béides kuerz virun 18 Auer.

An alle Fäll gouf kee blesséiert.

Um C308 bei Gréiwels huet géint 20.40 Auer eng landwirtschaftlech Maschinn Feier gefaangen. Hei gouf eng Persoun verwonnt.