Am Kader vun den Demonstratiounen um 1. Mee koum et zu Berlin an zu Paräis zu Ausernanersetzungen tëscht der Police an Demonstranten.

Den 1. Mee ass an Däitschland typescherweis en Dag op deem demonstréiert gëtt, virun allem an der Haaptstad Berlin. Esou war et och e Samschdeg nees.

Bei der traditioneller Demonstratioun zu Berlin ass et deemno zu Ausernanersetzungen tëscht der Police an den Demonstrante koum. Deemno goufe Fläschen a Steng op Poliziste gehäit an et koum zu kierperlechen Ugrëff, esou d'Police vu Berlin.

Am Ufank vum Dag waren déi eenzel Demonstratiounen nach friddlech. Am Laf vum Dag goufen eenzel Bléck vun Demonstranten opgeléist, well d'Corona-Mesuren net agehale goufen.

Vereenzelt goufen am Staddeel Neukölln och Poubellen an Autoen a Brand gestach. Géint 21.30 Auer huet d'Police d'Demonstratioun opgeléist.

Och zu Paräis gouf um Dag vun der Aarbecht protestéiert an och hei koum et zu Ausernanersetzungen tëscht Demonstranten an der Police. D'Police mellt 34 Persounen déi festgeholl goufen. Eng Partie Fënstere goufen ageschloen, Poubellen a Brand gestach a Polizisten ugegraff.

Den Inneministère huet ronn 106.000 Demonstranten a Frankräich gemellt. Landeswäit ware knapp 300 Demonstratiounen ugemellt.