Op Bali hunn zwee Influencer sech e Spaass erlaabt, wou si mat enger opgemoolter Mask akafe waren. De Video geet viral - d'Konsequenze sinn haart.

Zwee Influencer op Bali hunn e Video gepost, dee viral gaangen ass. Mee net nëmmen aus gudde Grënn.

De Josh Paler an d'Leia Sin, déi reegelméisseg "Pranks" posten, bei deene si sech e Spaass erlaben, riskéieren dës Kéier haart Konsequenzen. Am Video ass ze gesinn, wéi déi zwee wëllen an e Supermarché, mee net eran dierfen, well d'Leia Sin keng Mask dobäi huelen. Och op Bali gëllt Maskeflicht an de Butteker.

Doropshin moolt de Josh Paler dem Leia Sin eng Mask an d'Gesiicht. Si probéieren nach eng Kéier, an de Supermarché eranzekommen - an et funktionéiert. Am Buttek fällt et kengem op. Eréischt zum Schluss vum Video schwätz eng Cliente d'Leia Sin dorop un.

De Video ass am Internet viral gaangen. Vill Follower hunn déi zwee awer fir hiert Verhale kritiséiert. An der Corona-Pandemie wier et net an der Rei, d'Maskeflicht esou lächerlech ze maachen.

Och d'Regierung op Bali huet dorop reagéiert. Verschiddene Medien no kéint deenen zwee Influencer souguer de Pass entzu ginn a si kéinten aus dem Land gewise ginn.

An engem neie Video huet de Josh Paler elo en zweete Video op Instagram verëffentlecht, an deem hien an d'Leia Sin sech a Präsenz vun engem Affekot entschëllegen. De Maske-Video sollt net respektlos eriwwerkommen. Hie géif esou e Video net nach eng Léier dréien an hie géif jiddereen dozou opfuerderen, eng Mask ze droen.