Et ass déi zweete Kéier, datt am Park vu Bréissel eng illegal Party organiséiert gouf. Et koum och zu Ausernanersetzunge mat Policebeamten.

Op en neits koum et zu Bréissel am Park zu enger illegaler Feier, déi eskaléiert ass.

Trotz engem Verbuet vun den Autoritéiten hu sech e Samschdeg Nomëtteg 1000 bis 2000 Persounen am beléifte Park Bois de la Cambre versammelt. D'Party mam Numm "La Boum 2" war op Facebook ugekënnegt ginn, mee net vun den Autoritéiten erlaabt. Trotzdeem hu sech vill Leit versammelt an d'Corona-Mesuren net respektéiert. Wéi verschidde Participanten ugefaangen hunn, sech ënnerteneen ze attackéieren, hätt een ugefaangen, de Park ze evakuéieren, esou belsch Medien.

Policebeamte goufe mat Fläschen an aneren Objeten attackéiert, esou eng belsch Noriichtenagence. D'Police war mat ongeféier 700 Beamte op der Plaz. Si hu missen Tréinegas a Waasserwerfer asetzen.

Deemno goufen och 132 Persoune festgeholl. 15 Participanten an 10 Poliziste goufe blesséiert.

Schonn Ufanks Abrëll war et bei der éischter "La Boom" zu heftegen Ausernanersetzunge komm.