Um Plang vun enger däitscher Kantinne steet elo en (nach) ongewéinleche Plat: Burger mat engem Pattie aus Insekten. Eng besser CO2-Bilanz huet dee scho mol

An der "Mensa" vun der Uni zu Chemnitz gëtt et elo testweis en neie Plat, an zwar Insekten-Burger. De Pattie vun deem Burger besteet zu engem Drëttel aus sougenannte Buffalo-Insekten. Dat sinn d'Larve vum "Getreideschimmelkäfer". Dës enthalen net nëmme vill Protein, mee hunn och eng besser CO2-Bilanz wéi zum Beispill Rëndsfleesch, esou dat responsabelt Studentenwerk.

D'Ekipp vun der Kantinne hätt de Burger e puer Mol getest. Elo wier ee gespaant, wéi e bei de Clienten ukënnt.

Fir d'éischt soll de Burger just testweis ee Mol ugebuede ginn. Wann d'Gäscht zefridde sinn, soll en an Zukunft reegelméisseg ugebuede ginn.