E Samschdeg Nomëtteg ass eng Vëlosfuererin aus nach ongekläerter Ursaach gefall. Si huet misse mam Helikopter an d'Spidol gefouert ginn.

Wéi d'Police an engem Communiqué matdeelt, koum et e Samschdeg den Nomëtteg zu engem schwéieren Accident. Géint 16 Auer gouf der Police eng Vëlosfuererin gemellt, déi op op engem Vëloswee ënnert der Bréck vun der N11, déi Iechternach an Iechternacherbrück verbënnt, gefall war. D'Ursaach ass nach net bekannt.

D'Sportlerin gouf nach op der Plaz vum Dokter behandelt a gouf vu mam Rettungshelikopter an d'Spidol geflunn. Leschten Informatioune vun der Police no besteet awer den Ament keng Liewensgefor.