D'Police huet an der Nuecht op e Sonndeg e Chauffeur ugehalen, deen Droge konsuméiert hat an och nach eng Partie dobäi hat. Hie war no 23 Auer ënnerwee.

Wéi d'Police matdeelt, gouf kuerz no Mëtternuecht e Sonndeg e Chauffeur kontrolléiert, deen d'Ausgangsspär net respektéiert huet, dat zu Stroossen an der route d'Arlon. Well et bei him am Auto no Marihuana gericht huet, hunn d'Polizisten en Drogentest gemaach. Dëse war positiv. Iwwerdeems gouf eng kleng Quantitéit Marihuana festgestallt. De Chauffeur gouf fir eng Bluttprouf an d'Spidol bruecht. Et gouf e Protokoll erstallt an de Chauffeur huet eng Amende kritt wéinst dem Net-Respekt vum Couvre-Feu.

Ëm déi selwecht Zäit gouf och e Chauffeur op der N1 zu Gréiwemaacher a Richtung Potaschbierg kontrolléiert. De Chauffeur war a Schlaangelinnen ënnerwee. En Alkoholtest war positiv.

E Samschdeg Owend géint 21 Auer gouf och eng Camionsfuererin kontrolléiert, déi mat enger futtisser Réckluucht an ze séier an der Avenue Monterey an der Stad ënnerwee war. Den Alkohol- an Drogentest waren allenzwee positiv. Och dës Fuererin gouf an d'Spidol bruecht fir eng Bluttprouf.