Am Norde vu Portugal, ronn 50km vu Porto ewech ass am Geopark Arouca di nei Foussgängerbréck "516 Arouca" opgaangen. Se ass wéi de Numm seet 516m laang.

Bis ewell war d'Hänkbréck am Mattertal zu Wallis an der Schwäiz déi zweetlängste Foussgängerbréck op der Welt. Mat enger Längt vu 494m.

Zënter haut ass eng nei Bréck d'Nummer 2. Am Norde vu Portugal gouf eng Foussgängerbréck opgemaach, wéi de Geopark Arouca matgedeelt huet. D'Bréck iwwert dem Floss Paiva huet eng Längt vu 516m a läit ronn 50km vu Porto ewech. D'Bréck a Portugal féiert iwwer 175m Héicht iwwert de Floss Paiva an d'Baukäschte louche bei iwwer 2 Milliounen Euro.

D'Bréck wäert de Numm "516 Arouca" droen a wäert um 3. Mee fir de Public opgoen. Fir d'"Erliefnis" iwwert dës Bréck ze goe kascht 12 Euro, Studenten, Kanner tëscht 7 a 17 Joer souwéi Persounen iwwer 65 Joer bezuelen 10 Euro. Am Präis abegraff ass eng Visitt vum Wanderwee Passadiços do Paiva deen an d'Bëscher vum Col Serra da Freita féiert.

Déi längste Foussgängerbréck op der Welt läit awer am Nepal. Se heescht Baglung-Parbat a féiert iwwer 122m Héicht iwwert de Floss Kaligandaki. Am Ganzen ass dës Bréck 567m laang.