De Kollosseum zu Roum soll fir international Events nees renovéiert ginn. Eng italienesch Firma huet d'Ausschreiwung fir d'Renovatioun gewonnen.

D'Firma Milan Ingegneria huet déi international Ausschreiwung fir de Projet zum Bau vun enger Gladiatorenarena am Kollosseum zu Roum gewonnen.

Dat huet den italienesche Kulturminister Dario Franceschini um Sonndeg annoncéiert. Geplangt ass d'Konstruktioun vun enger Plattform, déi de siichtbaren Ënnerbau vum Amphitheater iwwerdecke soll, sou wéi et schonn am 19. Joerhonnert de Fall war.

D'Aarbechten déi ongeféier 18,5 Milliounen Euro kaschte sollen, wäerten Enn 2021 ufänken an Enn 2023 ofgeschloss sinn.

Duerch déi Plattform sollen nees kënnen Open-Air-Events am Kollosseum ofgehale ginn.

D'Renovatioun vun der Gladiatorenarena wier eng grouss Erausfuerderung esou de Kulturminister weider.

De Kollosseum zu Roum gouf tëscht 70 an 80 no Christus gebaut a war virun allem wéinst de Gladiatorekämpf zu Zäit vun de Réimer an d'Geschicht agaangen. Als Arena war de Kollosseum bal 450 Joer a Betrib.