No 6 Méint u Bord vun der ISS sinn Astronaute mat der Crew Dragon Kapsel vun der Firma SpaceX um Sonndeg sécher nees op der Äerd gelant.

No ronn 6 Méint u Bord vun der Internationaler Raumstatioun (ISS) si 4 Astronaute sécher op der Äerd zeréck. D'"Crew Dragon"-Kapsel vun der privater Firma SpaceX ass um Sonndeg NASA-Informatiounen no am Golf vu Mexiko un der Küst vum US-Bundesstaat Florida gelant.

Déi sougenannt "Crew-1" hat am November un der ISS ugedockt. D'"Crew-1" war di éischt, déi mat der "Crew Dragon" Kapsel bis bei d'ISS geflu war nodeems e bemannten Testfluch am leschte Fréijoer erfollegräich verlaf ass.