Mat der Aktioun wëll een zu méi Transparenz opruffen an ob dat feelend Informatioungs-Zougangsrecht opmierksam maachen.

Um internationalen Dag vun der Pressefräiheet den 3. Mee rifft d’Journalistevereenegung ALJP zesumme mat hire Bündnispartner zu enger Protestaktioun virun der Chamber op.

Mat der Aktioun wëll een zu méi Transparenz opruffen an ob dat feelend Informatioungs-Zougangsrecht opmierksam maachen, dat de Journalisten zënter 17 Joer vun der Regierung an Aussiicht gestallt gëtt.

D’Protestaktioun ass e Méindeg de Moien um 10h30. Géint 11h30 zitt ee Protestmarsch bei de Staats- a Medieministère wou et zu enger weiderer Aktioun soll kommen.