D’Ausgangsspär vu 19h00 un, déi bleift. Dës gëtt réischt den 19. Mee op 21h00 verréckelt.

Frankräich lackert um Méindeg d’Corona-Oploen. Fir déi éischte Kéier zënter engem Mount dierfen sech d’Mënschen dagsiwwer nees fräi beweegen. Bis ewell huet eng 10 Kilometer Grenz ëm d’Wunneng gegollt.

D’Ausgangsspär vu 19h00 un, déi bleift. Dës gëtt réischt den 19. Mee op 21h00 verréckelt.

Vum 19. Mee un dierfen och déi net liewenswichteg Geschäfter, Museeën, Theateren a Kinoen nees opmaachen. Genee sou wéi d'Baussegastronomie.