Op der Plattform mam Numm "Boystown" ware ronn 400.000 Notzer registréiert.

Am Kader vun enger internationaler Operatioun géint Kannerpornographie, huet déi däitsch Police eng Plattform opgedeckt, op där am Darknet kannerpornographescht Material verbreet gouf. Am Kader vun den Ermëttlunge goufe 4 Männer festgeholl. Alle 4 sinn Däitscher am Alter tëscht 40 a 60 Joer. Nieft den Ermëttler aus Däitschland, waren och Polizisten aus Holland, Schweden, Australien, den USA a Kanada un den Ermëttlunge bedeelegt.

Op der Plattform mam Numm "Boystown" ware ronn 400.000 Notzer registréiert. Nieft der Plattform goufen och eng Partie Chatten, an deenen d'Notzer sech iwwer Kannerpornographie ausgetosch hunn, vum Netz geholl.