Wéi et vun der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen heescht, wier et Zäit fir déi europäesch Tourismusindustrie nees ze beliewen.

D'EU-Kommissioun huet sech dofir ausgeschwat d'Aschränkungen, déi aktuell bei Areesen aus Drëttstaaten an d'EU gëllen, fir geimpfte Persounen ze annuléieren. Wéi d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen e Méindeg op Twitter matgedeelt huet, wier et un der Zäit déi europäesch Tourismusindustrie nees ze beliewen. Allerdéngs soll och séchergestallt ginn, dass d'EU schnellstméiglech op d'Verbreedung vun neie Mutatioune vum Coronavirus reagéiere kéint an dass d'Aschränkungen noutfalls méiglechst séier nees kéinten agefouert ginn.

An enger Propose vun der Kommissioun ass virgesinn, dass alleguerten d'Persounen déi hir zweet Impfdosis op d'mannst 2 Woche virun hirer Arees kruten, nees an d'EU areesen dierfen. Aktuell ass virgesinn, dass dës Persounen ee Vaccin, deen an der EU zougelooss ass, musse kritt hunn. Wéi d'Noriichtenagence AFP schreift, kéinten d'Oplockerungen an Zukunft allerdéngs och fir Persounen, déi mat engem Vaccin, deen eng exzeptionell Zouloossung vun der Weltgesondheetsorganisatioun krut, geimpft goufen, gëllen.

Kanner déi wéinst hirem Alter nach net kënne geimpft ginn, sollen zesumme mat hiren Elteren areesen dierfen. Dofir mussen si en negative Corona-Test, dee maximal 72 Stonnen al ass, virweise kënnen.