De Bouf wollt den Hond heemelen, obwuel et net säi war.

Géint 11h30 e Samschdeg de Moien, gouf e Jong vun 10 Joer op der Héicht vum Camping de la Sure an der Rue de Gilsdorf zu Dikrech vun engem fräilafenden Hond gebass. De Bouf wollt den Hond heemelen, obwuel et net säi war. De Mupp hat weder eng Léngt, nach en Halsband un. De Besëtzer vum Hond, konnt bis ewell nach net fonnt ginn. De Jong huet nom Virfall misse mat Blessuren um Aarm am Spidol behandelt ginn.

An dësem Zesummenhang sicht d'Police den Ament no Hiweiser zum Hond, respektiv dësem sengem Besëtzer. Éischten Informatiounen no handelt et sech beim Hond ëm e Berner Sennenhond. D'Déier ass ongeféier 80 Zentimeter héich an huet e längert Fell mat enger brong-schwaarz-groer Fierwung.

Wien Informatiounen zu dësem Virfall huet ass gebieden sech beim Policekommissariat Dikrech/Veianen ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 80 1000 oder iwwer d'Mailadress Police.DIEKIRCHVIANDEN@police.etat.lu.